Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Welkomm op der Säit vun Dignitas a.s.b.l.

NEWS

Februar 2022: Kee Mango-Tango dëst Joer bei Dignitas!

Aus ënnerschiddleche private Grënn gesi mir eis leider gezwongen, eis Mangoaktioun fir dëst Joer ofzesoen. Och wann dës Décisioun keng einfach war, sou huet se dach awer misse geholl ginn. Mir hoffen op äert Versteesdemech. Wann dir trotzdeem net op äer Sonnefriichten aus Burkina Faso verzichte wëllt, da kënnt dir äerch gäre bei eiser Partnerorganisatioun Help for the Planet asbl mellen.

Eis Ënnerstëtzung fir d'Leit am Burkina Faso geet awer natierlech och 2022 weider. Leider hunn eis 2 Schoulen opgrond vun der aktueller Sécherheetslag an der ëmmer nach ongewësser Lag nom Putsch mussen zou maachen. D'Regiounen am Norde vum Land leiden enorm ënnert de schwéieren Attacke vun terroristesche Gruppen an dofir läit momentan och all Aktivitéit an a ronderëm eis zwou Schoule flaach an Dignitas huet décidéiert all seng Efforten a Ressource bis op weideres an déi sëlleje Flüchtlingscampen ronderëm d'Stad Kaya ze stiechen. Virun allem soll séchergestallt ginn, dass déi vill Kanner weiderhin eng schoulesch Ausbildung kréie kënnen an och duerch parascolaire Aktivitéiten e wéineg Freed um Liewen hunn. Och d'Elteren, virun allem d'Frae sollen eng Ënnerstëtzung kréien, fir dass op mannst fir déi essentiell Besoie vun hinnen an hiere Kanner gesuergt ass. Weider Informatiounen zu dëse Projete wäerte mir demnächst hei publizéieren.

Ween de Leit am Burkina och ouni Mangos dëst Joer hëllefe wëll, dee kann dëst gäre maache mat engem Don op eise Kont bei der BCEE mam Vermierk "Don Kaya"

LU84 0019 3755 6156 4000

Mir freeën eis iwwer all Hëllef.

BARKA - MERCI