Your browser version is outdated. We recommend that you update your browser to the latest version.

Eis Missioun

Dignitas engagéiert sech am humanitäre Beräich, wéi och am Ëmwelt- an Déiereschutz.

Mier versichen all eisen Aktiounen enger noohalteger Entwécklung ze ënnerwerfen, andeems mer ökonomeschen, sozialen an ökologeschen Aspekter Rechnung droën. Mär riichten eis no de Prinzipien vun der Gleichheet, dem Respekt, der Meenungs-, Ausdrocks- a Bewegungsfreiheet an ënnerscheede nët no "Rassen", Nationalitéiten, Reliounszougehöregkeet, Hautfaarw, Geschlecht oder sexueller Orientéierung.

Op der enger Säit engagéiere mier eis an de sougenannten Entwécklungslänner vir eng mi gerecht Welt ze schaafen an och deene Läit eng Chance ze gin, déi et manner gutt hu wéi mier. D'Ongerechtegkeeten an eiser Welt maache keen Halt virun de Grenzen a genau sou soll et sech och matt der Hëllef an der Ënnerstëtzung verhaalen.

Mär wëllen awer nët all eis Energie a Ressourcen an aner Länner investéieren, mee mär wëllen och deem Land eppes eremgin, dee mer eise Wuelstand ze verdanken hun. Dovir engagéiere mer eis och zu Lëtzebuerg ënner anerem am Ëmwelt- an Déiereschutz. Och bei eis am Land gëtt et Ongerechtegkeeten géint déi een opstoën an sech wiere muss!

Nierwt der praktescher Aarbescht wëlle mer awer och d'Läit informéieren a sensibiliséiere vir e noohaltegen Ofdrock ze hannerloossen. Well just iwer dee Wee kann ee gudde Gewëssens handelen an d'Läit dozou bréngen dee richtege Choix ze treffen!

 


Äert Team-D

Ween de Leit am Burkina och ouni Mangos dëst Joer hëllefe wëll, dee kann dëst gäre maache mat engem Don op eise Kont bei der BCEE mam Vermierk "Don Kaya"

LU84 0019 3755 6156 4000

Mir freeën eis iwwer all Hëllef.

BARKA - MERCI